11/10/2024 Äddi Gast

Léiwe Gast,

Haut ass den Dag, wou mir dir eng lescht Keier „Äddi“ soen. Du stoungs eis ëmmer trei an zouverlässeg zur Säit. Mat dengem onermiddleche Asaz wars du net nëmmen a villen Asätz e Virbild fir Kollegialitéit an Engagement, mee och als laangjärege Member am Comité eng droend Stäip vun eiser Gemeinschaft.

Als Keessjee hues du eis Finanzen mat héchster Suergfalt an Zouverlässegkeet verwalt an dech och doriwwer eraus mat vill Häerzblutt an der Gréiwelser Pompjeeën ASBL investéiert. Deng Loyalitéit, däin Equippegeescht, däin Humor an deng ëmmer frëndlech, hëllefsbereet Aart wäerten eis ëmmer an Erënnerung bleiwen.

Mir verléiere mat dir net nëmmen e geschätzte Pompjees-Kolleeg, mee och e gudde Frënd. 

Deng Erënnerung wäert ëmmer eng besonnesch Plaz an eise Reien hunn.

Merci fir alles, Gast.